Am Hierscht kënnt praktesche Guide fir KrisesituatiounenRavioli fir d'Resilienz

Michèle Sinner
Enger Ilres-Ëmfro no halen d’Residenten Cyberattacken, Iwwerschwemmungen an eng extrem Meteo fir déi warscheinlechst Katastrophe-Risiken, déi sech zu Lëtzebuerg kënne realiséieren.
© Pedro Venancio

Hirer Aschätzung no hätten eng Finanz- a Wirtschaftskris oder en Atomaccident awer nach méi grav Konsequenzen, wéi eng Cyberattack. D’Ëmfro gouf fir d’Regierung gemaach, déi hir national Resilienzstrategie virun ëmsetzt.

D'staatlech Verwaltungen géinge weider dru schaffen, sech op verschidde Krisen- an Katastrophen-Zenarien ze preparéieren. Sou huet den Inneminister Léon Gloden erkläert, datt d'Gemengen an Zukunft kënnen e "Resilienzbonus" beim Bau vun ëffentlechen Infrastrukture kréien. Beispill: Et gëtt eng nei Sportshal gebaut: "Dat heescht, am Kader vun enger Katastroph muss ech op e gewësse Prozentsaz vun enger Populatioun kënnen an där Infrastruktur ophuelen. Ech brauch dann Ekipement, ech brauch Kichen, ech brauch Feldbetter an esou. Do ginn et Krittären wat ee muss erfëllen, fir esou ee Resilienzbonus ze kréien. An de But ass, datt een d'Leit wärend 72 Stonnen do ka versuergen."

Am Hierscht kréien d'Stéit e praktesche Guide fir Krisesituatiounen
Als ee nächste Schrëtt bei der Ëmsetzung vun hirer Strategie plangt d'Regierung am Hierscht e praktesche Guide un d'Populatioun ze verdeelen.

Mee esou de Premier Luc Frieden: "Resilienz ass also net nëmmen eng Aufgab vum Staat, mee et ass och eng Aufgab vu jiddwer eenzelen." Stellvertriedend fir jiddwer eenzelen huet d’Ilres am Fréijoer eng 1.500 Residenten ëm hir Meenung gefrot. Aus den Äntwerten géif sech och eng grouss Hëllefsbereedschaft an der Gesellschaft weisen, huet d'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes ënnerstrach: "De Sondage weist och, dass 60 % vun de gefrote Leit hei prett wären, sech an enger Reserve ze engagéieren. Et ass net preziséiert wéi eng Zort vu Reserve. D'Fro ass militaire, civil, sanitaire."

Als ee nächste Schrëtt bei der Ëmsetzung vun hirer Strategie plangt d'Regierung am Hierscht e praktesche Guide un d'Populatioun ze verdeelen, fir verschidde Krisen- a Katastrophesituatiounen ze preparéieren. Den Inneminister Léon Gloden sot: "...datt ee muss probéieren, fir 72 Stonnen autark ze sinn. Dat heescht, et muss ee genuch Ravioli-Béchsen doheem hunn, et brauch een eng Täscheluucht, déi mat Batterie fonctionéiert etc."

Den Haut Commissaire à la protection nationale, Guy Bley, huet elaboréiert: "Dat geet vum Radio, deen der braucht, fir enger Press nozelauschteren. Ech mengen och an dëser Kris huet ee gesinn, wéi wichteg d'Relatioun mat der Press ass. Dir sidd déi, déi Messagë vun eis weider kënnt ginn. Wa mer wëllen, datt nach Leit, wéi am Fall vum Blackout, nach kënne kommunikéieren, da musse mer kënne weider och mat de Leit schwätzen. Duerfir brauchen déi Radio mat enger Batterie dran."

Apropos Kommunikatioun: Funktionéiert d'Krise-Warnung nom Debakel bei den Iwwerschwemmungen 2021 ewell besser? Den LU-Alert huet bei der Canicule d’lescht Woch e Méinden eng SMS vun d’Populatioun geschéckt. Do dran stoung zwar, datt et eng Hëtztwell géif ginn, mee et war keng rieds vun “Alerte rouge”. Donieft huet Meteolux iwwert hir eegen App orange a rout Alerten eraus ginn.

De Léon Gloden sot, "dat ass nach perfektibel." Froen, wéi sech d'Resultater vun der Ëmfro ausserhalb vun der Resilienzstrategie op d'Regierungspolitik wäerten auswierken, ass de Luc Frieden nawell ausgewach. Zum Beispill: Wann eng vun de Leit hire gréissten Ängschte eng Nuklearkatastroph zu Cattenom ass, ännert d'Regierung dann hir Haltung zur Nuklearenergie? Dorops sot de Luc Frieden: "Wat Cattenom ubelaangt, sou ass d'Attitüd vun der Regierung, datt mer ëmmer géint Cattenom waren, zënter 40 Joer. An déi huet net geännert."

Domat war d'Pressekonferenz eriwwer. Hien wollt an dësem Kontext also léiwer net drun erënneren, datt e virun zwee Joer erkläert hat, seng Regierung wier "technologie-oppen" wat de Nucleaire ugeet a wier contrairement zu de Virgängerregierungen och dofir, datt d'Fuerschung an der Nuklear-Technik mat EU-Gelder géing ënnerstëtzt ginn.

Am Hierscht kënnt also de Guide pratique an d'Informatiounscampagne vun der Regierung, fir eis op Krisesituatiounen ze preparéieren.

Résultats de l’enquête nationale sur la perception des risques et menaces au Luxembourg.pdf

Back to Top
CIM LOGO