Zu Houffalize (B) gouf ënnert anerem e Bauerenhaff zerstéiert an Diecher vun anere Gebaier goufen ofgedeckt. Eng Famill gouf evakuéiert. Wéi d'Kolleege vum belschen RTL mellen, goufen et keng Blesséierter. Plazeweis sinn och Beem ëmgefall an et goufen Iwwerschwemmungen an de Regioune vun Ohey an Andenne.
Den Thierry Calderoni huet d'Phänomen vum Trëndel um Sonndeg den Owend géint 19h15 virun d'Lëns kritt. Hie war tëscht Hengescht a Wäiswampech ënnerwee, wéi him dëst dach speziellt Wiederphenomen opgefall ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.