"Fun um Glacis"Forainen a Gastronome zéie positive Bilan nom éischte Weekend

RTL Lëtzebuerg
Keen Hämmelsmarsch, oppen Terrasse just bis 23 Auer a manner Stänn wéi gewinnt: E Samschdeg gouf déi alternativ Fouer, de "Fun um Glacis" lancéiert.
© RTL

Positive Bilan Fun um Glacis / Rep. Danielle Goergen

Et war méi e luesen Ufank wéi een dat gewinnt ass. Bei der offizieller Ouverture vum „Fun um Glacis" de Samschdegmoie war et nach relativ roueg. Géint Mëtteg koumen dunn awer déi éischte Visiteuren. De „Fun" geet jo och net esou laang wéi d' Fouer – just bis 23 Auer.

D'Forainen an d'Gastronomen zéien nom éischte Weekend awer e gudde Bilan. Si weise sech erliichtert an zefridden. De Glacis war zu kengem Ament iwwerfëllt, mä et wiere permanent Visiteuren do gewiescht. Esou wier et flott schaffen, erkläert de President vun der Forainsfederatioun Charel Hary, well et hätt een ëmmer Aarbecht. D'Karusseller hätten awer gedréit. Et ass jo bewosst esou gemaach ginn, fir genuch Plaz ze loossen. D'Leit sollten net all op ee Koup stoen, dat wier alles esou ausgerechent ginn. Dat hätt och wonnerbar geklappt. Et wier hinnen awer bewosst, datt et keng Schueberfouer ass – hei kéint een net dee selwechten Ëmsaz maachen, mä si wieren awer häerzlech zefridde mat deem, wat trotz Allem op d'Bee gestallt gouf.

Trotzdeem hätt et den Dag selwer wéi gedoen, keng normal Fouer ze hunn. D'Traditioun géif engem do awer feelen. Den Hämmelsmarsch huet gefeelt, d'Musek och, mä dat wier eben doduercher komm, well et keng Schueberfouer ass. Dofir wier een op dee Wee gaangen, fir déi Traditiounen dës Joer net bäizebehalen. Et wieren trotzdeem vill Leit do gewiescht. Zemools samschdegowes, wou d'Luuchte bis u waren, well dat wier jo ëmmer am schéinsten.

D'Leit géinge sech allgemeng och gutt un d'Reegelen halen. D'Gastronomen haten ugangs gefaart, datt vill Leit wéinst dem CovidCheck net géinge kommen. Deen ofgetrennte Beräich mat den Iess – a Gedrénksstänn hätt awer Succès gehat, esou den Alexandre Dotremont vum King Kong. Si hu samschdegmëttes ugefaangen an hate d'Terrass bis Owes 23 Auer gefëllt. Sonndes wier et och esou gewiescht. Hien ass frou, datt si béid Kéiere mëttes an owes vill Bestellungen haten.

D'Wieder um Sonndeg war zwar net esou gutt. D'Wochendeeg si souwisou ëmmer méi roueg. Wann et déi nächst Weekender awer esou géing wieder goen, da wier een déck zefridden, esou nach de Charel Hary.

RTL-News: "Fun um Glacis": Déi alternativ Schueberfouer ass lancéiert

Back to Top
CIM LOGO