Reegelméisseg gi Vakanzekolonien de Summer iwwer zu Lëtzebuerg ronderëm de Stauséi ugebueden. D’Pannopli un Aktivitéiten ass grouss. Nieft den traditionelle Méiglechkeeten um Waasser kann een och u Mountainbike-Touren deelhuelen oder an der Sportshal un der Kloterwand probéieren. Explikatiounen vum Steve Roller, Moniteur vum SNJ zu Lëtzebuerg. Eng Faart mam Kanu, Kayak oder dem Sit-on-Top si weider Summeraktivitéiten, déi bei Grouss a Kleng gutt ukommen.
Gruppe vun Diddeleng, Kietscht a Reiden waren dëser Deeg um Stauséi fir e puer flotter Stonnen ze verbréngen. Sou war eng Ekipp an der Kloterhal aktiv. D’Begeeschterung war grouss.
Encadréiert ginn d’Gruppen vu professionelle Moniteuren. Dës Leit musse fir d’éischt eng Formatioun maachen, ier et lass geet.
Fir kënnen als Moniteur ze schaffen, muss ee mindestens 18 Joer al sinn an un enger Journée d'introduction deelhuelen. Ginn dës zwou Ufuerderungen erfëllt, kënnen déi interesséiert Persounen entweder am Mariendall an engem groussen Team-Building-Parc schaffen, op der Base nautique oder an der Freestyle-Crew, andeems ee Schoulklassen alternativ Sportaarten ubitt, sou de Steve Roller.
D’Joer iwwer huelen eng 6.000 Kanner a Jugendlecher un den Aktivitéite ronderëm de Stauséi deel.