Santé informéiertFirwat klëmmt d’Zuel vu geimpfte Persounen am Spidol?

RTL Lëtzebuerg
Dat wär net iwwerraschend, esou d’Santé, well ëmmer méi Leit geimpft sinn an d’Zuel vun de Geimpften och vill méi grouss ass wéi déi vun den Net-Geimpften.
Schématisation de la part des admissions en hospitalisation chez les personnes vaccinées et non vaccinées
Schématisation de la part des admissions en hospitalisation chez les personnes vaccinées et non vaccinées
© Direction de la santé

Wären 100% vun de Leit geimpft, wären och 100% vun de Covid-Patienten an de Spideeler geimpft.

Aktuell si 77,4% vun de Persounen iwwer 12 Joer zu Lëtzebuerg mat enger duebeler Impfung geschützt.

Couverture vaccinale par tranche d'âge chez les résident·es luxembourgeois·es (25/11/21)
Couverture vaccinale par tranche d'âge chez les résident·es luxembourgeois·es (25/11/21)
© Direction de la santé

Derbäi kënnt d’Effikassitéit vum Vaccin, déi tëscht 60 a 95% variéiert. Et ginn also ëmmer nees Duerchbréch.

En anere Grond wier den Alter. Vill Patienten, déi positiv ageliwwert ginn, hätten nieft Covid och aner Krankheeten an hiren Immunsystem wier net méi deen Allerbeschten.

Déi méi Jonk, déi an d’Spidol kommen, wiere bal all net geimpft.

De Booster wier och extrem wichteg, well sech gewisen hätt, datt eng Impfung mat der Zäit noléisst.

Weider Explicatiounen op www.covid19.lu

Back to Top
CIM LOGO