Iwwer 2.000 Leit d'Joer schreiwe sech fir den Opnamexamen an, fir an de Gemengesecteur schaffen ze goen. Ma vu nächstem Mount u gëllen do nei Reegelen. Dat fir de Rekrutement méi effikass ze maachen, wéi déi zoustänneg Ministere Bofferding an Hansen bei der Presentatioun vun der Reform en Dënschdeg ënnerstrach hunn. D'Erausfuerderunge fir d'Gemenge ginn nämlech schonn eleng duerch de Wuesstem vun der Populatioun ëmmer méi grouss. Dowéinst sollen déi beschtméiglech Kandidaten op déi verschidde Posten kommen.
Reform beim Rekrutement am Gemengesecteur / Sascha Georges
Virop réckele Staat- a Gemengesecteur méi no beieneen. Ween elo an de kommunale Beräich wëll schaffe goen, muss elo fir d'éischt d'Epreuve d'aptitude générale vum Staatsexame maachen. Nämlecht also wéi déi Kandidaten, déi bei de Staat wëllen, präziséiert de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen:
"E Kandidat, deen deen Examen mécht, kann dann och bei de Staat wann en net an de Secteur communal wëll, en huet deen éischten Exame jo gepackt. Déi nächst Tester ginn da vum Interieur gemaach." No der Epreuve d'aptitude générale kann een eréischt d'Exame fir bei d'Gemeng maachen. Do ginn dann déi technesch, informatesch a sozial Kompetenzen getest. Et géif drëm goen, net nëmme Wëssen ofzefroen, mä Kompetenzen ze testen, déi d'Leit och wierklech op hirer Aarbecht op der Gemeng brauchen. D'Tester, respektiv de Schwieregkeetsgrad variéiere jee no Beräich, wou een herno an der Gemeng wëll schaffen, erkläert d'Inneministesch Taina Bofferding:
"D'Gemenge solle kompetent Kandidate kënne rekrutéieren, mat Profiller, déi op hir Poste passen. Fir all verschidde Karriären hu mer déi Kompetenzen identifizéiert, déi gebraucht ginn an d'Tester dorobber ausgeriicht.
Detailer ginn et um www.govjobs.public.lu
PDF: Powerpoint-Presentatioun vun der Pressekonferenz