Opruff fir DonenFir de Wanter gi Kleeder an Equipement fir Flüchtlinge gebraucht

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun "Catch A Smile" huet en Opruff fir Done lancéiert.

D'Flüchtlingen a Bosnien brauche fir déi kal Wanterméint waarm Kleeder an Equipement, fir dass och si déi äiseg Temperaturen iwwerstoe kënnen.

Speziell gebraucht gi Wanter-Strëmp a waarm Ënnerwäsch, Pulloveren, Sweatshirten, Wanderschong, Turnschlappen, Zelter, Schlofsäck, Rucksäck, Decken an natierlech och Wanterjacketten (alles an de Gréissten S bis L).

D'Collecte ass den 9. Januar vun 10 bis 15 Auer als Drop Off bei der Hall Fondoucq zu Diddeleng.

Fraen- a Kannerkleeder ginn den Ament net gebraucht.

RTL-News: Bosnien - De Joreswiessel am Camp Lipa

RTL Introduces...Fabienne Dimmer / Catch A Smile
Fabienne Dimmer needs little introduction as den A’s front of house but it’s her drive to help those in need with Catch A Smile that is the eye opener here.

Catch A Smile Homepage

Back to Top
CIM LOGO