Verschidden Aktiounen uechter d'LandFir 30 Joer "Dag vum Bam" ginn 30 Beem geplanzt

RTL Lëtzebuerg
De Samschdeg ass zu Lëtzebuerg déi 30. Editioun vum Dag vum Bam. Schonn den Donneschdeg sinn éischt Aktioune lassgaangen.
Fir 30 Joer "Dag vum Bam" ginn 30 Beem geplanzt
De Samschdeg ass zu Lëtzebuerg déi 30. Editioun vum Dag vum Bam. Schonn den Donneschdeg sinn éischt Aktioune lassgaangen.

Wëll Kiischtebeem an eng Rei Lannebeem sinn den Donneschdeg als symboleschen Optakt vum Dag vum Bam um "Oschelter" an der Gemeng Rammerech geplanzt ginn. 1992 huet d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur dësen Dag fir déi éischte Kéier an d'Liewe geruff. Et geet dorëms, d'Leit ronderëm d'Thema Bam ze sensibiliséieren.

Eenzel Beem verschwannen ëmmer méi aus eiser Landschaft. Sief et, well si misste Plaz maachen oder well si futtigaange sinn. Dréchen an extrem waarm Summeren oder de Befall vum Borkekäfer zielen zu just e puer Belaaschtungen, mat deenen d'Beem hei am Land konfrontéiert sinn.

Dëst Joer läit de Schwéierpunkt op alen Uebstbeem. De Bongert zielt zu deene Biotopen, déi a Mëtteleuropa mat am stäerksten zréckgaange sinn. Zielunge vun Natur an Ëmwelt hunn erginn, dass et 1902 nach iwwert 1 Millioun där Beem am Grand-Duché gouf. Ronn 100 Joer drop, 1993, gouf et der nach just ronn 245.000. Dobäi erfëlle si ee wichtege Rôle an der Biodiversitéit. Doduerch, dass si Bléien droen, dénge si al wichteg Sourcë fir Beien an aner Insekten.

Um "Oschelter" wäert et elo nach daueren, bis déi éischt Friichte wuessen. Ma esou ee Bam kann awer tëscht 50 an 100 Joer al ginn. D'Lannen, déi och un dësem Dag an de Buedem gesat goufen, kënne souguer puer 100 Joer al ginn.

Wärend deenen nächsten Deeg ginn nach méi esou Aktiounen uechter d'Land vu verschiddenen Acteure gemaach. Heimat gi souwuel privat Leit, wéi och Gemengen ugeschwat. A wie selwer keng Beem planze kann, kann d'Aktioun och iwwert een Don ënnerstëtzen.

Zanter 30 Joer gëtt et den Dag vun der Natur elo schonn a steet ënnert dem Patronage vum Ëmweltministère an ass am Partenariat mat der ANF.

Back to Top
CIM LOGO