
Am Mäerz huet de Finanzministère en éischte Bail ënnerschriwwen, dat geet aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng ervir.
Et ass e Gebai vun iwwer 10.000 Meter Carré zu Esch Belval, an dat den ENAD, also d’ecole nationale pour Adultes, plënnere soll. D’Gebai wier zum Marchéspräis gelount ginn, an de Ministère huet e Virkafsrecht. Weider Kontrakter géifen am Moment ausgehandelt ginn.
D’Depensë fir d’Locatioun géifen am Joer 2024 bei 70 Milliounen Euro leien. Dee Montant géif iwwert den Zäitraum vun der finanzieller Programmatioun fir d’Joren 2024 bis 2027 bäibehale ginn.
Déi uganks genannten 320 Milliounen Euro géife sech aus der Differenz fir déi eigentlech geplangten Acquisitioun an de schlussendlech am Budget 2024 zeréckbehalene Mëttele vun 63 Milliounen Euro erginn.