SportfëscherverbandFëscher zu Iechternach stelle Pollutioun fest, wëlle Plainte maachen
Um 19 Auer hate si e Méindeg den Owend aus engem Rouer, wat mat der Industriezon verbonnen ass, eng "wäiss Britt" gesinn an d'Sauer lafen.
Et wier déi zweete Pollutioun bannent e puer Méint op der selwechter Plaz. D'Pompjeeë vun Iechternach an d'Police goufen informéiert.
Wéi d'Police en Dënschdeg de Moien an hirem Bulletin schreift, géif et de Pompjeeën no méi dacks zu enger Pollutioun kommen, ma allerdéngs ëmmer nëmme fir eng kuerz Zäit.
D'Waasserwirtschaftsamt war op der Plaz.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.