Akt vu VandalismusFënstere vu Gebai vu Wanteraktioun um Findel goufen ageschloen

RTL Lëtzebuerg
Am Bâtiment A vun der WAK, engem vun den neie Gebaier vun der Wanteraktioun um Findel, goufen an der Nuecht op e Mëttwoch sämtlech Fënsteren ageschloen.
Vandalismus am WAK
Images: Domingos Oliveira

Ee vun de Clienten hätt d'Entrée refuséiert kritt an du randaléiert. Et handelt sech ëm eng nei Struktur vum Familljeministère, déi zënter dem 1. Dezember d'lescht Joer an Zesummenaarbecht mat der Caritas an Interactions geréiert gëtt.

D'Police war op der Plaz, fir d'Sécherheet vun de Leit um Site ze garantéieren an huet de Mann protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO