Et wier dem Etienne Schneider seng eegen Decisioun. Eng Decisioun, déi ee misst respektéieren. Politiker géifen dacks virgehäit kréien, dass se net kéinte lassloossen, an dat misst een dann och esou unerkennen. Dat sot de Vizepremier François Bausch en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Dass hien oppen Dossiere wéi d'Legaliséiere vum Cannabis oder de Google-Projet géif oppen hannerloossen, wier fir de François Bausch kee Problem. Et dierft een net vergiessen, dass eng ganz Regierung géif zesummeschaffen.
De François Bausch war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
De Nohaltegkeetsminister mengt och net, dass d'Dräierkoalitioun géing auserneefalen. Hie selwer wäert 2023 net méi mat an eng Regierung goen, dat huet de François Bausch en Dënschdeg de Moien nach emol widderholl. Hie géif awer säi Mandat fäerdeg maachen. Ob en nach emol mat an d'Wale geet, géing nach net feststoen. Sollt hien dat awer maachen, géing hien och säin Deputéierte-Mandat unhuelen. Just mat an d'Wale goen, fir Stëmme fir seng Partei ze sammelen, wier fir de François Bausch keng Optioun.
Iwwerdeems war et d'Prezisioun vum grénge Politiker, dass et dem Félix Braz gesondheetlech géing besser goen. Et wier fir hien nach e laange Wee, mä hie wier um Wee vun der Besserung.
De François Bausch war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.