
Et ware Solarpanneauen um Daach vun der Residenz verbaut, wouduerch de Brand just vu bannen effektiv bekämpft konnt ginn. En Zwëscheplafong huet mussen opgerappt ginn dofir. Wéinst dem Isolatiounsmaterial waren d'Läschaarbechten alles anescht wéi einfach an et koum zu enger grousser Dampentwécklung, déi duerch déi ganz Cité gezunn ass.
D'Pompjeeë vu Weller-Pëtschent, Klierf, Miersch, Tandel, Housen, Wolz, Dikrech an Ettelbréck goufen op d'Plaz geruff. Donieft waren och d'Ambulanze vun Housen an Dikrech am Asaz, grad ewéi de Samu Ettelbréck.
Ee Pompjee gouf liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
D'Feier war am fréien Owend eréischt ënner Kontroll. Zur Sécherheet war iwwer Nuecht eng Brandwaach op der Plaz bliwwen.
Kuerz virun 11 Auer gouf et zu Kielen am Schoulwee a Feier an enger Kichen. Heibäi goufen 2 Persoune liicht verwonnt. D'Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer hu sech ëm déi Verwonnt gekëmmert. D'Pompjeeë vu Kielen, Koplescht a Mamer waren am Asaz.