
De Parquet geet dovun aus, datt Palletten ugefaange goufen, fir ze hëtzen an d'Feier vun do aus op d'Gebai iwwergaangen ass. Datt e Brandbeschleuneger benotzt gouf, fir d'Feier unzefänken, schléisst de Parquet unhand vum aktuelle Stand vun den Ermëttlungen aus.
Fir eendeiteg festzestellen, wéi déi zwee Doudesaffer ëm d'Liewe komm sinn, goufen Autopsien ordonéiert. Bis ewell konnt d'Identitéit vun deenen zwou Persounen och nach net kloer etabléiert ginn.
Nom Feier sinn e Sonndeg zwou Läichen an der Garage fonnt ginn.