
Zu Bartreng goufen zwou Läichen an enger Garage entdeckt. Dat deelt d'Police mat. Géint 7:40 Auer e Sonndeg de Moien ass d'Police iwwert ee méigleche Brand informéiert ginn. Op der Plaz hunn d'Beamten dunn déi zwou Läiche fonnt.
D'Garage ass op engem Terrain vun engem fréiere Betrib an der Rue de l'industrie, wou elo keng Aktivitéite méi sinn.
Op Uerder vum Parquet gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.