
D'Reform vum Congé parental, d'Reform vum RMG, deen zanter Ufank vum Joer "Revis" heescht, d'deels gratis Kannerbetreiung, mä awer och Ännerunge bei den Allokatiounen: Dat sinn d'Haaptmesuren, déi d'liberal Familljeministesch Corinne Cahen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Paul Galles oplëscht. Alles Mesuren, fir deene finanziell manner gutt opgestallte Stéit ënnert d‘Äerm ze gräifen, an dat sinn haaptsächlech elengerzéiend Stéit. Mammen oder mol Pappen also, déi quasi eleng fir hir Kanner mussen opkommen. Mam neie Congé parental geet et drëms, datt béid Elteren onofhängeg vunenee sinn a kee vun den zwee Eltere muss ënner Aboussen an der professioneller Carrière leiden. Mam neie Revis dann, kann – am Géigesaz zum RMG – all Erwuessenen enger Aktivitéit nogoen. De Revis-Stéit gouf weider ënnert d'Äerm gegraff, andeems hiert Kannergeld an d’Luucht gesat gouf. Doriwwer eraus gouf d'Berechnung vun der Allokatioun "Vie chère" esou geännert, datt 2.000 méi Stéit an de Genoss vun der Allocatioun koumen. Verwise gëtt natierlech och op déi 20 Stonne pro Woch gratis Kannerbetreiung, déi et fir Kanner ënner 4 Joer gëtt.
Dat si, graff resuméiert, d'Mesure vun der leschter Regierung, fir géint Aarmut an Aarmutsrisiko virzegoen. Mesuren, déi awer wéi gesot nach net an déi aktuell Analysen iwwert den Aarmutsrisiko agefloss sinn, well déi sech op Zuele vun 2017 baséieren, betount d'Familljeministesch. D'Corinne Cahen rechent, wéi et schéngt, also kloer mat engem positiven Impakt duerch dës Mesuren.
Extrem Aarmut bei 1,2%
D'Hänn ginn awer net an de Schouss geluecht. Weider Elementer am Kampf vum Aarmutsrisiko wieren déi geplangte Generalisatioun vun der individueller Besteierung a Mesuren am Beräich "Logement". Bei béide Punkte gëtt einfach op d'Regierungserklärung higewisen.
Ënnert den Aarmutsrisiko falen all déi Leit, déi manner wéi 60% vum Revenu médian hunn. De Revenu médian ass déi Zomm, déi déi eng Halschent vun der Populatioun méi verdéngt an déi aner manner. Den Aarmutsrisiko ass also eleng monetaresch kalkuléiert, betount d’Familljeministesch. An et bleift e Risiko, also net effektiv Aarmut.
D'Corinne Cahen verweist dowéinst op aner Indicateuren: Engersäits op de "Referenzbudget", dee méi e komplett Bild géing ginn, an anerersäits op den „Taux de privation materielle sévère“. Eurostat no läit deen Taux zu Lëtzebuerg bei 1,2%, ee vun den niddregsten Tauxen an der EU an op der Welt. Mä och hei sinn et Zuele vun 2017.