
Esou Rumeuren hat den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser héieren an duerfir der Ministesch Carole Dieschbourg eng parlentaresch Fro gestallt.
Dat stëmmt net, seet d'Ëmweltministesch: effektiv géif de Keeler Bëschkierfecht an enger Natura2000-Zon leien, mee net an engem nationalen Schutzgebitt.
Fir de Kierfecht an der Natur z'amenagéieren, wier der Ministesch no just e Bëschwee ugeluecht ginn. Dës Aarbechte wieren 2013 iwwert dat deemolegt Naturschutzgesetz erlaabt ginn.
Eng Impakt-Etüd wier net néideg gewiescht an et wieren och keng Irregularitéite festgestallt ginn, sou d'Carole Dieschbourg.