Mordprozess geet unEx-Polizist soll Schwëster an där hire Frënd zu Bäreldeng vergëft hunn

RTL Lëtzebuerg
Et war eng Affär, déi viru geschwë 4 Joer fir Gespréich a fir Erstaune gesuergt hat.

Net grad 4 Joer nom Doud vun enger Fra an där hirem Frënd an engem Appartement zu Bäreldeng muss sech vum 16. Juni un um Stater Geriicht de Brudder vun der Fra wéinst duebelem Mord veräntweren: Speziell un dësem Fall ass, dass de Beschëllegten en Ex-Polizist vun haut 30 Joer ass.

Optakt vu Mordprozess / Reportage vum Eric Ewald

De Mann kritt virgehäit, seng Schwëster vun dunn 30 an där hire Partner vun deemools 31 Joer am September 2016 a senger Wunneng vergëft ze hunn. Dofir soll hien hinnen e Gedrénks ginn hunn, an deem Zyankali war.

Enn September 2016 sinn déi zwee spéider Doudesaffer op eemol sonndes nomëttes am Appartement vum Ugeklote vu sech. D'Hëllefsdéngschter, déi an d'Residence an der Lëtzebuerger Strooss geruff ginn, kënne si net méi reaniméieren a ruffen d'Police. D'Justiz mécht, virum Hannergrond vun de suspekten Doudesfäll, eng Enquête op. Et gëtt eng Autopsie vun de Läiche gemaach, genee wéi eng toxikologesch Analys. 3 Deeg nom duebelen Doud ass ronderëm d'Appartementshaus eng grouss Sichaktioun vun der Police. Den Dag drop gëtt de Brudder vun der Fra, vu Beruff Polizist, festgeholl. Hie kënnt e weideren Dag dono an Untersuchungshaft a gëtt suspendéiert a steet, 5 Deeg nom dramateschen Tëschefall, am Verdacht, d'Schwëster an där hire Frënd mat Gëft ëmbruecht ze hunn.

Déi zwee spéider Affer ware sonndes moies bei enger IVV-Wanderung zu Veianen dobäi an nomëttes bei de Brudder vun der Fra op Bäreldeng. Dee sot, et wär hinne scho schlecht gewiescht, wéi si bei him ukoumen. Den deemolege Polizist hat eng Nëssdrëpp an d'Gespréich bruecht, déi déi zwee zu Veianen gedronk hätten. Där haten awer vill Leit zou sech geholl, kengem vun hinne war et doropshi schlecht ginn, a bei der Analys vun der Drëpp gouf och kee Gëft entdeckt. Séier kënnt de Verdacht op, dass sech de Mann d'Gëft, dat sech als Zyankali erausstelle sollt, am Darknet beschaaft huet. An op eemol kënnt och den Doud, zwee Joer virdrun, vun enger weiderer Fra an där Wunneng, ënner änlechen Ëmstänn, nees op d'Tapéit: D'Mamm vum Proprietär war gestuerwen, nodeems et och hir schlecht gi war. En Hausdokter hat sengerzäit en Doudeschäin ausgestallt, an et war keng Autopsie gemaach ginn.

Am November 2018 war d'Demande vum Ex-Polizist, fir op fräie Fouss ze kommen, zréckgewise ginn. Dem Me Rosario Grasso no, sengem Affekot, huet de Mann, deen zanter 2011 bei der Police war, dee Moment de Mord, also eng Dot mat Virsaz, vu sech gewisen.

Fir dëse Prozess sinn am Ganze 7 Sëtzunge virgesinn, an zwar 4 dës an 3 déi aner Woch.

Back to Top
CIM LOGO