Affär vu BedruchEx-Kommissär vun der Police betount, et géing him leed doen

RTL Lëtzebuerg
"Dës penibel Affär huet hire Grond an der Spillsucht vu mengem Client, déi wéi eng Drog war. Dat ass keng Excuse, mä eng Explikatioun."
© AFP

Dorop huet den Affekot vun engem zanter 2014 suspendéierte Polizist den Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht plädéiert. Den Ex-Kommissär krut ënnert anerem wéinst Bedruch de Prozess gemaach.

Tëscht 2009 an 2016 soll de Mann vun haut 56 Joer, dee bal 3 Méint an Untersuchungshaft war, ëmmer nees versicht hunn, fir Leit Suen ofzeknäppen. Dofir huet hien hinnen alt, wéi säin Affekot sot, "d'Geschicht vun der grénger Geess erzielt."

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Et wär eng Affär, op déi säi Mandant net misst houfreg sinn, mä fir déi hie sech schumme misst, huet de Me Knaff gemengt. Et wär ee schlecht dru gewiescht, wéi den Enquêteur säi Rapport virgedroen huet an et hätt sech net gutt unhéieren, bei laangjäreg Frënn Sue sichen ze goen, obschonn de Client gewosst hätt, dass hien net kéint zréckbezuelen. Duerch dem Polizist seng Scheedung wär et zur Spillsucht komm, déi ëmmer méi hefteg gi wär an aus där hien net méi erauskomm wär. Dat misst beim Strofmooss consideréiert ginn.

Et wär d'Absicht vum Client gewiescht, fir op eng net kathoulesch Aart a Weis u Suen ze kommen, duerch Bedruchsmanöveren a Ligen. Dem Affekot no hätt allerdéngs bei de Sportwette jidderee gewosst, op wat e sech géif aloossen. Glécksspiller kéinten negativ ausgoen, spréch et kéint ee Sue verléieren an et géif keng Garantie ginn, fir seng Suen 1 zu 1 erëmzekréien. Wat d'Prête bei Bekannten a Frënn ugeet, wär et Bedruch a strofbar, wann ee Sue léint a weess, dass een net ka rembourséieren, sou de Me Knaff. Fir dee fir säi Client eng Prisongsstrof mat Sursis probatoire sollt gesprach ginn, vun net méi wéi engem Joer fest, woubäi d'Oploen an der Entschiedegung vun den Affer an an enger psychiatrescher Behandlung vum fréiere Polizist bestéingen. Deen huet ganz um Enn nach eng Kéier betount, dass et him géif leed doen, hie géif sech och dofir schummen.

D'Vertriederin vum Parquet hat en Dënschdeg schonn 18 Méint Prisong, eng ugemoosse Geldstrof an e Verbuet vun 10 Joer, fir an der Fonction publique ze schaffen, fir de Mann gefrot. Si hat an dësem Kontext vu "Beschafungskriminalitéit" geschwat.

D'Urteel gëtt den 12. Mäerz gesprach.

Back to Top
CIM LOGO