Europa op der Sich no enger staarker Stëmm.
Dat ass d’Iwwerschrëft vum RTL Spezial, am Virfeld vum Europadag e Samschden.
Och wann d’Situatioun op der Welt net onbedéngt e Grond ass fir ze feieren, ginn et fir eis Invitéeën awer genuch Saachen, déi een op dësem Dag héich hale kann.
D’Martine Kemp, déi fir d’CSV am Europaparlament ass, nennt zum Beispill d’Gefill, datt Europa erëm méi no beienee réckelt oder d’Victoire vum Peter Magyar an Ungarn. De Charel Goerens vun der DP nennt d’Tatsaach, an enger Unioun ze liewen, déi op engem feste Fundament vu Valeure baséiert an d’Tilly Metz vun déi Gréng fënnt, datt den Zesummenhalt e Grond ass fir ze feieren, datt een an enger globaliséierter Welt zesumme staark ka sinn. Fir de Fernand Kartheiser ass den Europadag éischter en Dag op deem ee sech soll drop besënnen wat zesumme soll realiséiert ginn a wou d’Schwächte sinn.
Eng Stonn laang hunn eis fënnef Invitéen diskutéiert.
Iwwert d’Mindestloundirektiv, wou de Marc Angel sech schockéiert seet, datt mer eis esou schwéier dinn, déi ëmzesetzen. Iwwert d’Chômageindemnitéiten, déi de Grand-Duché no enger Iwwergangsphase och de Fronatlieren muss ausbezuelen an iwwert d’Walen an Ungarn, wou jo fir de Victor Orban d’Zäit als Regierungschef jo elo eriwwer ass.
De Victor Orban huet esou munchem Regierungschef an de leschte Joeren d’Liewe schwéier gemaach, well hien dacks géint all déi aner war. De Charel Goerens seet, et wier gutt datt hien elo fort wier, mä de Marc Angel erënnt drun, datt et an Tëschenzäit awer och scho «Mini-Orbane» gëtt, mat deenen et net onbedéngt méi einfach gëtt.
Hie plädéiert dofir, datt den Eestëmmegkeetsprinzip ofgeschaf gëtt.
Et misst een sech drop virbereeden, datt d’EU eng Kéier zu 35 Länner ka sinn a bis dohinner misst een eng Léisung fonnt hunn fir datt net ee Land eleng Decisioune ka blockéieren.
Dat ass eng Fuerderung, déi de liberale Charel Goerens och scho laang huet an och d’Tilly Metz vun déi Gréng ënnersträicht , datt een et net dierf zouloossen, datt Autokraten 450 Millioune Bierger als Geisel huelen.
D’Martine Kemp vun der CSV plädéiert dofir elo emol bei der Aussepolitik unzefänken fir d’Unanimitéit vun deene 27 ofzeschafen.
De Fernand Kartheiser- dee jo net méi zu enger Fraktioun gehéiert- ënnersträicht par conter , datt d’ADR um Prinzip vun der Eestëmmegkeet festhält.
Diskutéiert gëtt iwwert de Krich tëschent den USA an dem Iran, d’Energietransitioun, wou de Fernand Kartheiser widderhëllt, datt een erëm bëllege russesche Gas soll kafen an dobäi vun deenen aneren Europadeputéiert widdersprach kritt.