RTL-Presseclub vum 12. MeeEU-Walen: Wat bréngt Europa a wéi positionéiere sech d'Parteien

Roy Grotz
An zimmlech genee engem Mount gi mir nees wielen. D'Europawale sti virun der Dier.
Presseclub vum 12. Mee 2024
An der Journalisteronn hu mer ënner anerem iwwert d’Europawale geschwat.

D’Campagne ass lancéiert, mä wat bréngt Europa konkret a wéi positionéiere sech d’Parteien? Wat maachen déi verschidde Formatiounen mat de Resultater aus dem Politmonitor? A wéi gouf d’EU-Campagne hei am Land lancéiert?

Ënner anerem iwwer dës Froen hu mir mat de Journaliste-Kolleegen am RTL-Presseclub diskutéiert.

An zimmlech genee engem Mount gi mir nees wielen. D’Europawale sti virun der Dier.

Hei kommt Dir op eisen Dossier vun den Europawalen.

Eis Invitéë sinn

D’Annette Welsch vum WORT
Den Armand Back vum Tageblatt

De Christoph Bumb vu Reporter sollt als Invité mat dobäi sinn, stoung awer duerch en Accident op der A1 am Stau an huet et net bis an de Studio gepackt.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO