Gedenkzeremonie an der ChamberEtgen: Doud vum Eugène Berger huet eis onerwaart a béis getraff

Claudia Kollwelter
An der Chamber-Plenière war e Freideg de Mëtteg um 15 Auer eng Gedenkzeremonie fir de verstuerwenen DP-Fraktiounschef Eugène Berger.
VIDEO: Eugène Berger: Gedenkzeremonie an der Chamber / Rep. Christophe Hochard (31.1.2020)
An der Chamber-Plenière war e Freideg de Mëtteg um 15 Auer eng Gedenkzeremonie fir de verstuerwenen DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

"Dem Eugène Berger säin Doud huet eis onerwaart a béis getraff", huet de Chamberpresident op der Gedenkzeremonie betount. Eng Zeremonie, op där nieft dem Fernand Etgen och den neie Fraktiounspresident vun der DP Gilles Baum an de Premier Xavier Bettel zréck op d'Liewen an d'Karriär vum Eugène Berger gekuckt hunn. En traurege Moment e Freideg an der Plenière, 10 Deeg no der Nouvelle vum Doud vum DP-Politiker.

Hommage Eugène Berger / Reportage Claudia Kollwelter

Mënschlech einfach a sympathesch a politesch ëmmer korrekt, fläisseg, effikass, engagéiert an disziplinéiert, mat deene Wierder huet de Chamberpresident, Fernand Etgen, den Eugène Berger beschriwwen: Mam Eugène Berger verléiert d'Chamber e kompetente, fläissegen an engagéierte Member. Virun allem awer e léiwe Mënsch an e gudde Kolleeg.

Als éischte Lëtzebuerger um Mount Everest ass e Freideg natierlech och op seng sportlech Karriär zréckgekuckt ginn.

Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum erënnert sech un d'Fotoen, déi den Eugène Berger a sengem Büro hänken hat, vun de Bierger an der Famill: Eugène, an dengem Büro sinn elo wäiss Flécken amplaz vun denge Fotoen, awer sief sécher Eugène, deng Leeschtunge wäerten net vergiess ginn.

Nieft dem politeschen Asaz wier d'Klammen einfach seng gréisste Passioun gewiescht: A mir haten d'Chance, den Eugène och als Familljemënsch kennenzeléieren. Nach am Dezember huet hien eis gesot, wéi frou hie wier, seng Duechter kënnen zu Sydney ze besichen. An et huet een ëm däitlech ugesinn, wann en d'Geleeënheet hat, zesumme mat sengem Jong klammen ze goen.

Och 10 Deeg no der Nouvelle wier et nach ëmmer schwéier ze verkraaften, datt den Eugène Berger net méi do wier, huet de Premier Xavier Bettel betount: Mir sollen eis bewosst sinn an och drun denken, datt mer alleguer eppes hannerloossen, datt mer eng Verantwortung hunn, fir déi Ressourcen, déi eis net ganz eleng gehéieren, mä och deenen, déi no eis kommen. Usch mir wäerten dech vermëssen.

De Gilles Baum hat d'Famill vum Eugène Berger op d'Zeremonie um Krautmaart invitéiert, op déi nieft aktuelle Regierungsmemberen ënnert anerem och fréier Ministere komm waren.

© Lucien Koneczny

Back to Top
CIM LOGO