
D'Decisioun, wéi ee Vaccin datt gesprëtzt gëtt, wier total arbiträr, schreiwen déi zwou ASBLen, déi sech heiriwwer iwwerrascht a schockéiert soen.
D'Patientevertriedung an de Konsumenteschutz plädéieren dofir, datt vulnerabel Leit deen Impfstoff kréien, deen hirem Gesondheetszoustand gerecht gëtt.