Plazenofbau bei ArcelorMittalZu Lëtzebuerg ginn Aarbechtsplazen an der Verwaltung ënnert d'Lupp geholl

Claudia Kollwelter
Jeannot Ries
ArcelorMittal baut an Europa Aarbechtsplazen of. Och Lëtzebuerg ass vun de Pläng betraff. Genee Zuele ginn et nach keng.
Plazenofbau bei ArcelorMittal en Europa, och Lëtzebuerg betraff
Arcelor Mittal baut an Europa Aarbechtsplazen of. Och Lëtzebuerg ass vun de Pläng betraff. Genee Zuele ginn et nach keng.

ArcelorMittal wëll Aarbechtsplazen a Polen respektiv an Indien delokaliséieren. Mat als Konsequenz, dem Ofbau vu Plazen op anere Sitten an Europa. Et dierft deemno kloer sinn, datt och Lëtzebuerg net verschount wäert bleiwen. Betraff ass d’Verwaltung.

“Dat ass eng Etüd, déi elo gestart gëtt. A fir Lëtzebuerg ass de Perimeter vun der Etüd 1.050 Leit. Dat si mer dann en Donneschden um Kader vum Europäesche Betribsrot gewuer ginn”, sou de Jean-Luc De Matteis, Zentralsekretär beim OGBL.

Eng Nouvelle, déi matten an d’Verhandlungen am Kader vum Tripartite-Accord iwwer d’Zukunft vun den Aktivitéite vun ArcelorMittal hei am Land eraplatzt.

De Jean-Luc de Matteis reagéiert: “Also, dat ass eeben elo eng Informatioun, déi erauskoum. Déi awer déi ganz Saach méi komplizéiert mécht, gell. Well mer awer do Zuele genannt kréien um Europäesche Betribsrot, à voir, wou awer dann den Drock opgebaut gëtt, well d’Leit elo um Terrain immens panikéieren.”

Wat fir eng Aarbechtsplaze ginn den Ament hei ënnert d’Lupp geholl. Betraff ass d’Verwaltung. Hei zu Lëtzebuerg haaptsächlech, wat den Haaptsëtz ubelaangt.

“Dat sinn Jobs, déi meeschtens am Beräich vum IT sinn, vum Marketing, vun de Finanzen an och vun de Ressources humaines”, sou de Pierre Jacobs vun ArcelorMittal Lëtzebuerg

De Pierre Jacobs erkläert d’Zuel, vun 1.050 Aarbechtsplazen, déi e leschten Donneschdeg nom Europäesche Betribsrot genannt goufen.

“Et sinn net 1.050 Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg, déi betraff si vun enger Delokalisatioun. Mir schwätzen hei iwwer 1.050 Plazen, déi mer studéieren, fir ze kucken, wat mer maache kënnen, mat deenen neien Technologien, wéi zum Beispill d’Kënschtlech Intelligenz, d’Rationaliséierung vu Prozesser an esou wieder. Wat mer eventuell maache kënnen, fir dat e bësse méi schlank duerzestellen.”

Aarbechtsplazen ofbauen, fir um Weltmaart Konkurrenzfäeg ze bleiwen

Op engem Moment, wou d’Europäesch Stolindustrie ënner Drock stéing - Importer, ganz héich Energiekäschten, héich Salaireskäschten, CO2-Taxen, an an an. Déi Responsabel vun ArcelorMittal huele kee Blat virun de Mond. Gespuert ginn, soll net just an der Produktioun, ma och an de Verwaltungen. Wéi vill Leit konkreet hei zu Lëtzebuerg betraff wäerte sinn, stéing nach net fest.

De Pierre Jacobs vun ArcelorMittal Lëtzebuerg: “Mir hunn nach keng Iddi. D’Etüd ass nach en cours. Mir hoffen, datt d’Etüd an den nächsten zwou bis dräi Wochen da schlussendlech eis e bësse méi Resultater gëtt. Awer am Moment wier all Chiffer, deen ech géif soen, net an der Rei. Net richteg.”

Déi lénk reagéieren:

De Marc Baum reagéiert mat der Kritik un de Wirtschaftsminister Lex Delles, elo emol verhandelen ze wëllen an dat ganz net politesch ze diskutéieren.

De Marc Baum: “Ech mengen, datt et awer genau dat ass, wat d’Leit sech och vun der Politik géifen erwaarden. Nämlech e klore Statement ze huelen. E klore Statement, datt een alles dofir mécht, fir Mittal dovunner ze iwwerzeegen, mat ganz gudden Argumenter, fir datt dat do de falsche Wee ass, fir Delokalisatioune vu Lëtzebuerg a Polen oder respektiv an Indien virzehuelen.”

De Marc Baum erënnert drun, datt ënner aneren de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Verwaltungsrot vum Stol-Grupp sëtzt. “D’Decisiounskraaft vu Lëtzebuerg an deem doten Dossier ass immens grouss. An ech mengen, datt dat dee Wee wier, deen een och vun der lëtzebuergescher Regierung géif erwaarden, amplaz ze soen, et soll een deen Dossier iwwerhaapt net politesch ugoen. An et däerf een och net vergiessen, Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet Milliounen, Honnerte Milliounen direkt an indirekt Subventiounen un ArcelorMittal ginn. Sief et iwwert déi Preretraite-Reegelungen aus der Vergaangenheet, wou Honnerte Milliounen iwwergaange sinn. Wéi awer och dëst Gebai selwer, (wat um Kierchbierg gebaut gëtt), wat da soll de Verwaltungssëtz vun ArcelorMittal ginn. Wou de Staat an engem ganz ëmstriddene Projet de loi nach eng Kéier 270 Milliounen investéiert huet, fir den duebele Meterkaree -Präis.” Et wier dem Staat seng Verantwortung, d’Direktioun vun ArcelorMittal dodrun z’erënneren.

Komplizéiert Verhandlungen am Kader vum LUX20XX

D’Verhandlungen am Kader vum Tripartite-Accord iwwer d’Zukunft vun den Aktivitéite vun ArcelorMittal hei am Land striewen eventuell net wéi bis elo gewinnt,en Accord op fënnef Joer un. Ma ee méi kuerzen Zäitraum. Véier Joer? Ofgeschloss sollten d’Diskussioune bis Enn vum Joer 2025 sinn. Se goufen elo emol bis Enn Mäerz verlängert.

Et muss ee kucken, esou vill Aarbechtsplaze wéi méiglech ze erhalen! Dat sot de Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d’Restrukturatioun bei ArcelorMittal an de méiglechen Ofbau vun Aarbechtsplazen. Dofir géif et dem DP-Minister no elo och d’Tripartite ginn tëscht Gewerkschaften, der Direktioun vun ArcelorMittal an de Ministèren:

“Fir den Accord LUX20XX, zwar bis elo LUX2025, deen ausgelaf ass, weider opzeschaffen: Éischtens, wat sinn d’Investissementer? Zweetens, wéi geet et weider a wéi eng
Repercussioun huet dat op den Emploi am Betrib? Drëttens, wat ass de Volet vun den Investissementer vum Staat, fir ze kucken, d’Aktivitéit hei zu Lëtzebuerg ze halen?”

Et wier geféierlech, elo politesch an déi Diskussiounen anzegräifen, sot de Lex Delles nach.

Back to Top
CIM LOGO