Cebi zu SteeselEt konzentréiert ee sech op den Automobil-Secteur

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg als Standuert, wou fir d'Automobil-Industrie produzéiert gëtt. Historesch gesinn, denkt ee spontan un d'Fabrikatioun vu Pneuen.
VIDEO: Cebi zu Steesel
Lëtzebuerg als Standuert, wou fir d'Automobil-Industrie produzéiert gëtt. Historesch gesinn, denkt ee spontan un d'Fabrikatioun vu Pneuen.

Iwwert déi lescht Joerzéngten huet dee Secteur awer konstant u Gewiicht an der nationaler Wirtschaft gewonnen. Eng 9.000 Leit schaffen haut a ronn 30 verschiddenen Entreprisen. E Fënneftel vun der Aktivitéit baséiert op der Recherche an Entwécklung. En Domän, an dee grad och bei der Cebi zu Steesel investéiert gëtt.

Vum Auto, iwwer de Bakuewen, bis d'Klimaanlag. Et gëtt kaum e Stot hei zu Lëtzebuerg, an deem net op d'mannst ee Stéck benotz gëtt, wat vu Steesel kënnt.

D'Haaptgeschäft konzentréiert sech op den Automobil-Secteur, dat mat gutt 80% vun der Aktivitéit. E Secteur am Ëmbroch, wou sech vill Froe gestallt ginn an deen zanter ronn engem Joer och bei der Cebi den Ëmsaz dréckt.

Den Nei-Bau ass net ze iwwersinn. E Gebai, fir deene 50 Mataarbechter vum Departement "Recherche an Entwécklung" méi Plaz ze bidden. 3.200 Meter-Carré mat ënner anerem engem Labo, deem seng Dieren an Zukunft och fir Entreprisë vu Baussen op stinn, virop fir Membere vun der Ilea, der "Industrie Luxembourgeoise des Equipementiers de l'Automobille."

Eng 300.000 eenzel Stécker verloossen all Dag d'Lëtzebuerger Wierk. En Deel vun der Produktioun ass voll automatiséiert. Extra entwéckelt Roboter iwwerhuelen d'Aarbecht vu fläissegen Hänn, wou et méiglech ass. Bei klenge Stéck-Zuele gëtt weider um Fléissband geschafft. Et fält op, dass 60% vun de Mataarbechter Frae sinn.

Back to Top
CIM LOGO