Am Kader vun engem kommunale Referendum hate sech e Sonnde 60,10 Prozent vun de Wieler géint d'Baue vum Fräizäit-Ressort op de Séie vu Wäisswampech ausgeschwat. 24 Stonne méi spéit gëtt et nach ëmmer keng kloer Positioun, ob a wéi et mam Projet virugoe soll. Och am Schäfferot ass ee sech alles wéi net eens.
D'Resultat vum Vott war keng Iwwerraschung fir de Buergermeeschter, d'Campagne vun der Biergerinitiativ, déi de Referendum initiéiert hat, wier relativ aggressiv gewiescht. Sou krut den Henri Rinnen virgeworf, geschmiert ze ginn. Eng Croisière a Wäin–Reprochen, déi elo zu Dikrech viru Geriicht musse bewise ginn.
De Referendum iwwerdeems, wär sënnlos:
„Fir mech hat dee Referendum iwwerhaapt kee Sënn méi. Et muss ee bedenken, mir haten am Joer 2014/2015 ugefaangen, Leit ze kontaktéieren, fir eventuell esou een Hotelsprojet dohin ze bauen an et iergendwéi esou opzezéien, wéi et och op villen anere Plaze gemaach gëtt.“
De Projet wier also schonn zanter 5 Joer am Lafen. E wier och transparent no baussen, ewéi och am Gemengerot gewiescht. Dat d'Oppositioun, intern am Gemengerot, och géint de Projet vum Suneopark wier, wier vu perséinlecher Natur. Dat zanter der Walcampagne. Politesch gesi wier alles richteg gemaach ginn.
„Ech hat jidderengem ugebueden, en anere Projet vum belsche Grupp Lamy matkucken ze goen. Do mat dobäi war en Här vum Waasser-Wirtschaftsamt, vum Naturschutz ass eng Persoun matgaangen. Déi hunn et absolut super fonnt an eng Opwäertung fir d'Natur.“
En fatzegen Nee kënnt do awer aus dem eegene Schäfferot. Transparenz wier keng do gewiescht.
„D'Populatioun huet Nee gestëmmt, well se net mat der Gréisstenuerdnung zefridde sinn. Si hunn Nee gestëmmt, well se net woussten „en départ“ an elo och nach ëmmer net richteg, wat do iwwerhaapt geschitt. D'Transparenz an Dialogen hunn an deem Dossier jo vun Ufanks u gefeelt.“
Et sinn Spannungen, déi weider am Gemengerot vu Wäisswampech bestoe wäerte bleiwen, soulaang de Projet um Séi weider um Dësch läit.
„Also wann elo kee Changement kënnt ,wäerten déi Spannunge sécherlech bleiwen. Wann awer elo iergend een Dialog kënnt, da kann een eng Spannung verbesseren, oder flaach halen. Den Dialog muss ganz sécher emol vum Buergermeeschter kommen. Wat de Projet ugeet, muss ee sech un den Dësch setzen an diskutéieren.“
Et wär eng Méiglechkeet do, de Projet ofzeblosen, ouni déi Millioun Euro dobäi ze verléieren. Wéi genee dat géif funktionéieren, gouf een um Méindeg awer net vun der Oppositioun gewuer.