
Vum zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire gouf et virun allem Informatiounen zu Iwwerwaachungsbiller an zu Telefonsdonnéeën am Zesummenhank mat deenen zwou Doten. Méi interessant war do e Rendez-vous e Mëttwoch am spéide Moien, zu deem d'Press net zougelooss war. Du gouf nämlech bei der WSA den Auto ënnert d'Lupp geholl, an deem déi zwee Affer erschoss goufen.
Leschten Donneschdeg war dee Rendez-vous e Mëttwoch fixéiert ginn, well op Grond vun den Explikatioune vun engem Expert vill Froen opbliwwe waren. D'Affekote vun den zwee Beschëllegten haten eng entspriechend Demande gestallt, där d'Riichter nokomm waren. Virun allem de Me Knaff, Affekot vum zweeten Ugekloten, war nom Rendez-vous e Mëttwoch zefridden. Et wär elo a Stee gemeesselt, dass d'Affer beim 1. Mord um Bäifuerersëtz souz a vun där Persoun, déi hannert em war, erschoss gouf, an net vum Chauffeur. Doran huet de Me Knaff eng Belaaschtung vum Haaptbeschëllegten an eng Entlaaschtung vu sengem Client gesinn. Nom "non-lieu" fir säi Mandant, wat déi zweet Dot ugeet, wär dat e weidere positiven Dag fir dee jonke Mann gewiescht.
"Ech mengen, deen Dag haut war wichteg, dass, wat deen 1. Mord ugeet, och erëm den Dossier an déi richteg Direktioun gedréint ginn ass.", esou de Me Knaff e Mëttwoch.
D'Me Dobek, a Vertriedung vum Me Rosario Grasso als Affekot vum Haaptbeschëllegten, wollt e Mëttwoch keng Ausso maachen.
Den Enquêteur vun der Police judiciaire sot zum zweeten Ugekloten, deen e Mëttwoch de Mëtten net ugetruede war, well et him net gutt war, dass eng Frëndin him fir déi zweet Dot en Alibi ginn hätt. Dat gouf duerch Iwwerwaachungsbiller vun deem Owend vun der Gare a vun enger Bensinsstatioun ënnermauert. Wat den zweete Mord ugeet, wär et "quasi onméiglech", dass dee Mann dem Haaptbeschëllegte säin Auto benotzt hätt, sou wéi deen et behaapt, sot den Enquêteur. Den Haaptbeschëllegten hätt dem zweeten Ugekloten och e puer Stonne virum 1. Mord iwwer Whatsapp geschriwwen: "Hues De Loscht, een ëmbréngen ze goen, oder soss eppes?"
Dëse Prozess geet den Donneschdeg de Mëtteg virun.