Liewen Dobaussen asblEt feelt u Wunnstrukture fir psychesch krank Persounen

RTL Lëtzebuerg
Psychesch kranke Mënschen aus dem Norden en Doheem ginn a se aus der Isolatioun huelen. Dat ass eng vun de Missioune vun der asbl Liewen Dobaussen.
Et feelt u Wunnstrukture fir psychesch krank Persounen
Psychesch kranke Mënschen aus dem Norden en Doheem ginn a se aus der Isolatioun huelen. Dat ass eng vun de Missioune vun der asbl Liewen Dobaussen.

Den Donneschdeg de Moie goufen zu Ettelbréck nei Logementer fir 9 Persounen ageweit. Et géifen der awer bei wäitem net genuch am Land, kloen déi Responsabel.

9 nei Logementer fir psychesch krank Persounen

Mëttegiessen an der Ettelbrécker Kennedy-Strooss. Zanter annerhallwem Joer schonn ass déi nei Wunnstruktur op. 5 vun den 9 Bewunner iessen en Donneschdeg zesummen. Mat hinnen um Dësch déi zwou Educatricen, déi de ganzen Dag do sinn, fir d'Leit ze encadréieren.

D’Myriam Weisen leit ënner Psychos. Si géif sech hei geschützt fillen a kéim zur Rou, seet si. Wéinst hirer Krankheet ka si net schaffe goen. Schonn eleng dat mécht et schwéier, eng eege Wunneng ze fannen. Ma d’Myriam kéint och guer net eleng liewen, grad wéi hir Matbewunnerin Trixie.

Esou kuerz wéi méiglech, mee esou laang wéi néideg, beschreift de Roland André, Chargé de direction vun der asbl Liewen Dobaussen, d’Openthaltsdauer vun de Betraffenen am Foyer. Verschiddener schaffen, kënnen no engem Joer nees an eng eege Wunneng plënneren, e relativ onofhängegt Liewe féieren. Anerer ni. Liewensqualitéit opbauen, d’Autonomie stäerken, dat ass d'Zil hei.

D’asbl Liewen Dobaussen huet am Ganze Logementer fir 69 psychesch krank Persounen aus dem Norde vum Land. Fir 65 kéim d’CNS op, 4 iwwerhëlt d’Santé. Ma dat géif bei wäitem net duergoen, seet de Roland André. 40 Persoune géifen op hirer Waardelëscht stoen. Betraffener, déi keng Plaz an enger Wunnstruktur kréien, kéimen dacks a sougenannte Kaffiszëmmeren ënner, mat erhéichtem Risk, fir réckfälleg ze ginn, de Wee zréck an d'Psychiatrie imposéiert sech. Ma hei si mer bekanntlech och enk opgestallt. En Däiwelskrees...

Back to Top
CIM LOGO