
D'AMMD preziséiert, dass een de Code vun der Aluedung net brauch, fir eng Booster-Impfung kënnen ze kréien. Par conter misst een awer onbedéngt d'Krittäre respektéieren. D'Sekretariater wieren och geschoult a froen d'Leit dowéinst schonn um Telefon, ob déi 6 respektiv 4 Méint no der zweeter Impfung scho eriwwer sinn. Leit, déi virun hirem Delai an d'Praxisse ginn, iwwerlaaschten d'Dokteren onnéideg. Och wier et wichteg, dass elo haaptsächlech déi Leit eng Booster-Impfung kréien, déi e méi héije Risiko hunn, e schwéiere Verlaf vum Covid19 ze kréien.