
Et goung an der Affär ëm e Verstouss géint d'Gesetz vun Oktober 2010 a Saache Lutte géint d'Wäisswäsche vu Suen a géint de Finanzement vum Terrorissem. Confirméiert gouf och d'Confiscatioun vun eppes iwwer 285.000 Euro, déi déi zwee am Februar 2017 am Zuch vu Frankräich op Lëtzebuerg bei sech haten. Si hate sech domat net un d'Virschrëft gehalen, dass se just 10.000 Euro an d'Land eran, aus dem Land eraus oder duerch de Grand-Duché erduerch transportéieren dierften.