Den däitsche Portal a Wëssensmagasinn "GEO" huet am Juli eng Ranglëscht mat den 20 schéinsten Dierfer an Europa erausginn. Dorënner ass mat Esch-Sauer och eng Uertschaft aus dem Grand-Duché ze fannen.
Beschriwwe gëtt d'Plaz als "typischer Ardenner Burgflecken", wou den Duerfkär ënnert der eelster Buerg vu Lëtzebuerg läit. Zanter dem Mëttelalter hätte sech d'Gaasse quasi net verännert a lueden dowéinst an eng "Zäitrees" an.
D'Iddi vun dësem Ranking ass et, de Leit nieft de bekannten a groussen Touristendestinatiounen och mol manner bekannt, awer op d'mannst genee sou schéi Plazen ze presentéieren. Nieft Esch-Sauer si beispillsweis och d'Dierfer Crupet aus der Belsch, Lehde aus Däitschland, Winsum aus Holland oder Wengen aus der Schwäiz am Ranking ze fannen.
Déi ganz Lëscht mat allen 20 Dierfer fannt Dir um Site vu GEO.