Invité vun der Redaktioun (2. August) - Tom WirionEnkpäss beim Baumaterial - Betriber bleiwen zum Groussdeel op Käschte sëtzen

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Tom Wirion
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

„Méi schlëmm kann et bal net méi kommen.“ Dat sot de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, den Tom Wirion e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. No engem Joer Corona, den Iwwerschwemmungen an och den Enkpäss vu Material géifen et verschidde Betriber dës Kéier net méi packen.

Beim Holz, Metall, der Isolatioun oder och bei elektronesche Stécker géifen et Enkpäss ginn. Haaptsächlech de Bau wier betraff, mee net nëmmen - seet den Tom Wirion vun der Chambre des Métiers. Dat féiert engersäits dozou, datt d’Delaien natierlech net kënnen agehale ginn: "An da sti se do tëscht dem Fournisseur, deen net liwwert an dem Client, deen net versteet. Dann huet d’Handwierk de schwaarze Péiter. An den zweeten Aspekt ass, datt d’Präishaussen, déi mat der Penurie vum Material kommen, op d’marge bénéficiare vun de Betriber ginn, well se dës net weider un de Client ginn. Dat fragiliséiert d’Betriber, d’Liquiditéit, d’trésorie. En plus goufen et zejoert, trotz den Aiden, 43% Betriber, déi an hir Reserve gaange sinn, an hiert Erspuerte fir iwwert d’Ronnen ze kommen." 

De Statut vum Independant misst der Chambre des Métiers no allgemeng verbessert ginn. De Ersazgehalt wier do zum Beispill eng Schinn, déi den Tom Wirion sech virstelle kéint. Et bräicht een erëm méi Attraktivitéit.

"Well mir brauchen Independanten, mir brauche Leit déi sech trauen a sech wëlle selbstänneg maachen an valeurs ajoutées schaffen, well eise Sozialstaat soss net fonctionéiert." 

Global géif et e gewëssen Optimismus ënnert de Membere vun der Handwierkerkummer ginn:

"Tëscht de Branchë ginn et Ënnerscheeder. Mä an der Alimentatioun zum Beispill soen d’Patrone previsionnel, datt den Indicateur d’activité ëm 15% am 3. Trimester an d’Luucht geet. Déi gleewen also un d’Zukunft. Den Entrepreneursgeescht verlaangt och flexibel ze sinn, sech z’adaptéieren an och a schwierege Situatioune mat engem positive Geescht un d’Saachen erun ze goen."

E Méindeg de Moie war de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO