D'Uni Lëtzebuerg huet d'Job-Annoncen ënnersichtEnger Etüd no ass Franséisch déi meescht gefrote Sprooch an der Beruffswelt

RTL Lëtzebuerg
Eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg huet versicht erauszefannen, wat d'Sprooche sinn, déi am meeschten um Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg gefrot ginn.
© RTL

Etüd iwwer Job-Annoncen / Reportage Diana Hoffmann

Dofir goufen an engem Ofstand vu 5 Joer zanter 1984 d'Job-Annoncen aus dem Luxemburger Wort analyséiert. Et weist sech, datt Franséisch iwwert d'Joren ëmmer déi dominant Sprooch war an och bleift. A 76,3 Prozent vun den analyséierten Annoncë gëtt Franséisch gefrot. Dono Däitsch mat 68,2 Prozent a Lëtzebuergesch mat 67,3 Prozent. Et wier eng grouss Nofro vun enger Méisproochegkeet festzestellen, erkläert de Fernand Fehlen, deen zesumme mat senger Kolleegin, dem Isabelle Pigeron-Piroth, zanter 2000 un der Etüd schafft. Gefrot wieren heefeg déi dräi Landessproochen, awer och dat Englescht. Doriwwer eraus wieren och ëmmer méi vun de publizéierten Annoncen ob Franséisch redigéiert.

Awer och d'Nofro nom Lëtzebuergeschen ass an de leschte Jore staark an d'Luucht gaangen. Dofir géing et awer eng kloer Erklärung ginn, seet de Fernand Fehlen. An den Annoncë vun 1984 hätt ee schliisslech nach net missen uginn, datt ee Lëtzebuergesch kéint, well dat dunn nach quasi selbstverständlech war. Leit déi awer hautzedaags och Lëtzebuergesch schwätzen, hätten elo awer e klore Virdeel bei der Sich no engem Job.

De Fernand Fehlen weist awer dorop hin, datt d'Aussokraaft vun der Etüden och hir Limitten huet. Am Luxemburger Wort géingen nämlech éischter bestëmmte Secteuren hir Annonce publizéieren. Et géing dacks zum Beispill no Educateuren oder Sozialaarbechter gesicht ginn. Awer och d'Rekrutéierung vum Staat géing eng grouss Roll spillen. Hei wier schliisslech a bal alle Fäll Méisproochegkeet gefrot. Leit aus dem Bausecteur géingen dobäi éischter net am Luxemburger Wort rekrutéiert ginn. Hätt een eng aner Zeitung geholl, wéi zum Beispill L'Essentiel, wier d'Nofro nom Franséische méi héich gewiescht, huet een a weideren Etüde festgestallt.

Doduerch datt awer an deene leschte Joren ëmmer méi Jobs just nach am Internet ausgeschriwwe ginn, wier et elo dëst Joer déi leschte Kéier, datt d'Etüd duerchgefouert ginn ass. Iwwert d'Zäit géing nämlech d'Representativitéit vun dëser weider ofhuelen.

PDF: De komplette Rapport vun der Uni Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO