
Bei dëser Kontroll hu missen dräi Chauffeure bezuelen, well hir Steiervignette zanter méi wéi 60 Deeg ofgelaf war. Déi betraffe Persoune goufe protokolléiert.
Dräi weider Fuerer si convoquéiert ginn, well hire Contrôle technique ofgelaf war. Eng Persoun ass virgeluede ginn, well si keng Pabeieren dobäi hat an eng aner war mat engem ongültege Führerschäin ënnerwee.

Ee Chauffer gouf protokolléiert, well hie net verséchert war an d'Pneue vu sengem Gefier net den Ufuerderungen entsprach hunn. Déi selwecht Persoun ass ausserdeem ënner Alkoholafloss gefuer a war trotz Fuerverbuet mam Auto ënnerwee. Op Uerder vum Parquet ass den Auto saiséiert ginn.
Ouni gëlteg Pabeieren an ouni gëltege Permis war eng weider Persoun ënnerwee. Och si huet dofir eng Strof misste bezuelen.