
Ass et fir Crèchë méi schwéier ginn, hir Missioun z'erfëllen? Dës Fro stellt sech, nodeems an deene leschte 4 Joer 11 Crèchen hir Zouloossung vum Educatiounsministère ofgeholl kruten. 3 dovunner eréischt virun engem Mount. De President vun der Federatioun vun de Crèchen, der Felsea, den Arthur Carvas, erkläert, wéi et heizou komm ass.
D'Fermeturë vun de Crèchë sinn net wierklech vun haut op muer geschitt. 8 Joer huet sech ugekënnegt, dass d'Bedreiwer misste konform mam neie Gesetz ginn, erkläert den Arthur Carvas. Rieds ass hei vum Gesetz vun den Agréments an den Dispositiounen, déi dozou gehéieren, wat en gros scho vun 2013 u bekannt ass. No engem Recours vun der Felsea ass d'Gesetz finalement 2018 a Kraaft getrueden.
"An deem Gesetz gouf et och eng Periode transitoire, dass jiddwer Gestionnaire sech konnt a Konformitéit sëtzen", seet den Arthur Carvas. All Gestionnaire hat bis Enn vum leschte Joer Zäit, en neien Agrément eranzereechen. Net jiddereen huet dat awer gemaach. Virun 1 Mount hu mussen 3 Crèchë vun engem Gestionnaire zou maachen. Et geet ëm d'Butzestuff zu Gaasperech an um Belair, sou wéi och ëm Babillou an der Stad. 25 Leit hunn hei hir Plaz verluer, 100 Kanner si betraff.
A verschiddene Strukture wiere Kanner vun 0 bis 4 Joer um 2. Stack betreit ginn. Dat war ee vun de Punkten, wou de Ministère sot, et géinge keng Derogatioun méi gemaach ginn, ënnersträicht den Arthur Carvas. Dës Entscheedung ass wéinst der Sécherheet vun de Kanner geholl ginn. Am Fall vu Feier kéinten d'Kanner méiglecherweis net séier genuch evakuéiert ginn.
D'Ëmbauaarbechten, déi a verschiddene Fäll awer néideg gi sinn, kënnen natierlech e gewëssen Invest mat sech bréngen. De Finanzement vum Secteur wier awer souwisou och e Problem fir sech, seet de President vun der Felsea. Zanter 2012 gouf et zum Beispill keng Upassung méi vum Montant vun der Stonn Betreiung. Dobäi hätt de Secteur missen eng ganz Réi Ännerungen an deene leschte Jore matmaachen: „2012 ITM, 2013 dat neit Gesetz fir den Agrément. Och wann et eréischt 2018 applizéiert gouf. 2016 eng nei Loi jeunesse. Dann ass de Ratio vun eisen Educateuren erhéicht ginn", zielt den Arthur Carvas op.
All dat huet Upassungen erfuerdert. D'Qualitéitskrittären, déi den Educatiounsministère, zum gréissten Deel, zesumme mat der Felsea ausgeschafft huet, wieren awer trotzdeem fir d'Professionaliséierung vum Secteur néideg gewiescht a se wieren och gerecht.