Feier en Donneschdeg an der NuechtEng Persoun um Sennengerbierg liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 4 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg hat et an engem Appartement um Sennengerbierg gebrannt.
© CGDIS / Twitter

Wéi de CGDIS schonn de 26. Dezember gemellt hat, war e Feier an engem Appartement der Rue du Golf ausgebrach, e Freideg huet d'Police Detailer publizéiert.

RTL NEWS vum 26. DezemberUm zweete Stack hunn d'Pompjeeën eng Persoun gebuergen, déi liewensgeféierlech blesséiert gouf. D'Feier war séier ënner Kontroll an all d'Bewunner konnten a Sécherheet bruecht ginn.

Wéi et zum Brand koum ass nach net gewosst, eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO