Abréch zu LëtzebuergEng Persoun konnt am Rollengergronn festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
De Proprietär vun engem Eefamilljenhaus hat eng Persoun bemierkt, déi ënne beim Gebai duerch eng Fënster wollt an d'Haus eraklammen.
© RTL Archiv

De presuméierten Abriecher konnt säitens der Police direkt gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Och zu Esch gouf e Samschdeg an 2 Wunnenge vun engem Komplex agebrach. D'Täter sinn an d'Wunnengen eragaangen, hunn d'Saachen duerchwullt a si mat de geklaute Saache fortgelaf. D'Virfäll goufe protokolléiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Weider Abréch goufen et zu Rammeldang, um Houwald an zu Jonglënster.

Infoe vun der Police iwwert d'Preventioun virun Abréch, virun allem elo an der Vakanzenzäit, ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO