
Aktuell sinn 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 749.999 Impf-Dosisse genotzt. 624 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 598 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.