Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vu 4.278 Tester waren der 76 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 829 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 748.777 Impf-Dosisse genotzt. 596 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 864 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO