
Direkt sechs Autoe waren an den Accident géint 6 Auer um Freideg de Moie verwéckelt. Geschitt war dësen op der N7 tëscht Houschent an der Houschter Déckt. Wéi et vun der Plaz heescht, waren dräi vun den Autoe just méi liicht beschiedegt a konnten och kuerz nom Tëschefall nees weiderfueren.
Eng Persoun dogéint gouf awer an hirem Auto ageklemmt an huet vun de Rettungsekippe missten erausgeschnidde ginn. Si gouf dann och méi schwéier verwonnt. D’Police preziséiert awer, datt éischten Informatiounen no keng Liewensgefor besteet.
Den Impakt op den Trafic konnt awer zum gréissten Deel ofgefaange ginn, well op der Plaz d’Méiglechkeet bestanen huet, fir séier eng Deviatioun anzeriichten. D’Autoe goufen iwwer d’Feldweeër ronderëm d’N7 ëmgeleet. D’Streck war wéinst den Rettungs- an Opraumaarbechte bis kuerz virun 9 Auer gespaart.