PoliceEng Partie alkoholiséiert Chauffeuren ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Lëtzebuerger Police véier Automobilisten erwëscht, déi ënner Alkoholafloss hannert dem Steierrad souzen.
© RTL-Archivbild

Kuerz virun Hallefnuecht e Samschdeg krut d'Police een Accident tëscht zwee Autoen an der Avenue du Bois um Lampertsbierg gemellt, bei deem ee Chauffeur vun der Plaz geflücht war. D'Persoun konnt allerdéngs doheem vun de Beamten ugetraff ginn. Hie gouf mat op de Büro geholl an huet do missen een Alkoholtest maachen, dee positiv war. De Permis gouf ofgeholl. Béid Autoe sinn een Totalschued.

Géint 0.22 Auer e Samschdeg krut d'Police een Auto op Esch-Belval gemellt, deen am Zickzack a vill ze séier ënnerwee war. De Mann konnt gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Führerschäi war op der Plaz fort.

Dann hat nach e Mann sech zu Diddeleng alkoholiséiert hannert d'Steierrad gesat. Den Alkoholtest war positiv. E Protokoll gouf geschriwwen.

A géint 4.15 Auer war d'Police op der Héicht vun der Kräizung Rue de Soleuvre mat der Rue Woiwer zu Déifferdeng op ee Gefier opmierksam ginn, dat um Trottoir an um Zeebrasträife stoung. Wéi de Chauffeur zeréck bei den Auto koum, gouf hien iwwert déi gesetzlech Bestëmmungen informéiert. Hien huet d'Beamten allerdéngs net ausschwätze gelooss an huet sech kuerz drop op eng Parkplaz net wäit ewech gestallt. Do wollten d'Beamten de Mann kontrolléieren, mä dëse war wéineg kooperativ an huet d'Poliziste beleidegt. De Mann gouf mat op de Policebüro geholl. Hei war een Alkoholtest positiv. Eng Plainte wéinst Beamtebeleidegung a Fueren ënner Alkoholafloss gouf gemaach.

D'Police huet e Freideg géint 13.10 Auer zu Ettelbréck e presuméierten Drogendealer festgeholl. De Beamte war an der Groussgaass e Grupp opgefall. D'Polizisten hu Marihuana gericht an hunn d'Persounen kontrolléiert. Beim presuméierten Drogendealer hu si eng grouss Quantitéit un Drogen an eng Wo fonnt a séchergestallt. Och bei enger zweeter Persoun goufen Drogen fonnt. Déi zwee Leit goufen mat op de Policebüro geholl.

Bei enger Hausduerchsuchung op der Adress vum presuméierten Dealer goufen nees eng jett Drogen fonnt, grad ewéi eng grouss Zomm Bores an déi néideg Utensilien. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméiert Kriminelle festgeholl. D'Drogen, d'Geschier an den Handy goufen saiséiert. Déi zweet Persoun gouf protokolléiert wéinst dem Besëtz an dem Konsum vun Drogen.

Back to Top
CIM LOGO