Op eise StroossenEng Partie Accidenter mat deels schwéierblesséierte Persounen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg huet et op e puer Plazen am Land geknuppt.
© RTL-Archivbild

De CGDIS mellt eng ganz Rei Accidenter aus de leschte Stonne mat dorënner och schwéier Blesséierten.

E Sonndeg de Moien ass kuerz no 11 Auer ee Motocycliste tëscht Housen an Uewereesbech gefall. Eng Persoun gouf blesséiert.

Beim Accident tëscht Bidscht an dem Schumannseck goufen e Samschdeg den Owend kuerz no 18 Auer zwou Persoune blesséiert, dovunner eng uerg.

Tëscht Iewerleng an Useldeng krut géint 19.30 Auer en Auto e Bam ze paken. Hei goufen dräi Persoune verwonnt, dorënner eng uerg blesséiert Persoun, déi huet missen aus dem Won befreit ginn.

Am Rond-point Wandhaff gouf och eng Persoun schwéier blesséiert an eng weider méi liicht, dat um 1.40 Auer an der Nuecht op e Sonndeg.

Nieft dëse méi uergen Accidenter ass e Cyclist op der Areler Strooss zu Stroossen e Samschdeg am fréien Owend vun engem Auto ugestouss ginn. De CGDIS schreift vun engem liicht Blesséierten.

Bei engem weideren Accident mat 2 Autoen an der Rue des Trevires an der Stad sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO