
Dat uergt Héichwaasser vu Mëtt Juli huet ganz vill Schued hannerlooss. Besonnesch a Privathaiser, mä natierlech och Staats- oder Gemengegebaier.
D'Brécke laanscht d'Flëss, déi iwwert d'Uwänner gaange waren, sinn awer gréisstendeels net beschiedegt ginn.
Sou goufen déi ronn 220 Brécken, déi ënner anerem iwwer Uelzecht, Our, Mamer, Äisch an déi ënnescht Sauer ginn, alleguer no den Iwwerschwemmunge kontrolléiert. Nëmme bei 30 Brécken hu missten Entretiens- a Reparaturaarbechte gemaach ginn, all fënneft Bréck huet missten am Fong gebotzt ginn.
Och d'Brécken am Zentrum vu Veianen respektiv tëscht Angelduerf an Ierpeldeng goufe weider net beschiedegt.
Dës Informatioune liwwert de Minister fir ëffentlech Aarbechte François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.