Loterie NationaleEng 24 Milliounen Euro goungen un d’Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte

RTL Lëtzebuerg
Den Ëmsaz vun der Glécksspill-Industrie am Land ass am Laf vum leschte Joer nees an d’Luucht gaangen.

Dat geet aus dem Bilan vun der Loterie Nationale ervir, deen en Dënschdeg publizéiert gouf.

2019 loung den Ëmsaz deemno bei eppes iwwer 111 Milliounen € - dat ass e Plus vun 6,6% géintiwwer dem Joer virdrun.

De Leit déi gewonnen hunn, goufen 61 Milliounen Euro ausbezuelt.

Eng 24 Milliounen goungen un d’Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, fir karitativ a sozial Zwecker ze finanzéieren.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO