Regierungsrot e FreidegEnergiepräisser, Projeten an Dänemark an Hëllefe fir de Sport

Fanny Kinsch
D’Regierung huet och e Freideg den Owend eng Partie Mesurë gutt geheescht, iwwert déi ee sech am Tripartitesaccord eens gi war.
Archiv-Foto
© Nelson Cheung

Et geet hei ëm verschidde Gesetzprojeten a Reglementer, mat deenen d’Energiepräisser gebremst ginn, esouwuel fir d’Privatleit wéi och fir d’Betriber.

Lëtzebuerg soll Projete mat erneierbaren Energien an Dänemark ënnerstëtzen. Am Januar war um Nordséi-Sommet zu Hamburg en Traité dofir ënnerschriwwe ginn, elo huet d'Regierung déi deementspriechend Gesetzprojeten op den Instanzewee geschéckt. Dat soll dozou bäidroen, d’Ziler fir 2030 z’erreechen.

D’Regierung hat sech och engagéiert, de Gesetzprojet iwwert déi geplangte Medikamentenagence z'iwwerschaffen, dee Projet d’amendement gouf e Freideg approuvéiert.

Weider huet de Regierungsrot gréng Luucht gi fir zwee Gesetzprojeten, mat deenen d'Hëllefe fir d'Sportklib reforméiert ginn. Hei géing et drëm goen, nei Hëllefen anzeféieren, fir de Sport nohalteg ze stäerken, heescht et am Communiqué.

De Konsum vun Nikotin-Päckelcher gëtt verbueden op Spillplazen an a Sportinfrastrukturen an deene Mannerjäreger ënner 16 Joer Sport maachen. D’Regierung huet eng deementspriechend Ännerung um Reglement e Freideg ugeholl.

De komplette Contenue vum Regierungsrot gëtt et hei!

Back to Top
CIM LOGO