No Fuerderung vun der CGFPRegierung wëll Gesetz iwwer geplangte Medikamenten-Agence iwwerschaffen

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung wëll de Gesetzesprojet fir déi geplangten Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduite grondsätzlech iwwerschaffen an dobäi zentral Fuerderunge vun der CGFP berécksiichtegen.
Nodeems d’Ministesch sech bereet erkläert huet, de Gesetzesprojet ze iwwerschaffen, huet d’CGFP d’Conciliatioun ausgesat.
© CARSTEN KOALL/dpa Picture-Alliance via AFP

D’Gewerkschaft CGFP gesäit sech no enger rezenter Entwécklung am Gesondheetsdossier confirméiert: wéi si an engem Communiqué en Dënschdeg matdeelen, soll de Projet de loi iwwert déi geplangten Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten – d’Agence luxembourgeoise des médicaments et produits de santé (ALMPS) – grondsätzlech iwwerschafft ginn.

Op hirer Generalversammlung e Méindeg hunn d’Delegéiert sech ënner anerem mam wuessende Bestand u staatlechen Etablissementer a mat de Konsequenze fir de Statut vum ëffentleche Recht befaasst. Dobäi hu si déi rezent Fortschrëtter am Gesondheetssecteur ausdrécklech begréisst.

Ministesch reagéiert op Fuerderungen, Conciliatioun bleift ausgesat

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet sech, sou d’CGFP, bereet erkläert, de Gesetzesprojet zur ALMPS unzepassen. Dobäi sollen déi wichtegst Fuerderunge vun der Gewerkschaft berécksiichtegt ginn.

Konkret heescht dat, datt d’Mataarbechter vun der zukünfteger Agence am Prinzip de Statut vum ëffentleche Recht solle kréien. Ausnamen dovu sollen nëmmen a spezielle Fäll méiglech sinn, “wa keng aner Léisung méiglech ass”, esou d’Gewerkschaft.

No dëser Entwécklung bleift d’Conciliatiounsprozedur, déi d’CGFP géint d’Regierung lancéiert hat, virleefeg suspendéiert. Dëst wier eng direkt Konsequenz vun engem rezente Gespréich tëscht de CGFP-Vertrieder, dem Premier Luc Frieden an dem Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes.

Gläichzäiteg gouf ofgemaach, kloer Critèrë fir d’Schafen an d’Gestioun vu staatlechen Etablissementer festzeleeën. D’CGFP erwaart sech elo konkret Virschléi vun der Politik.

CGFP ënnersträicht am Communiqué weider, datt een zanter Jore virun enger zouhuelender Tendenz géing warnen, nei Etablissementer ze schafen, ouni virdrun ze préiwen, ob d’Aufgaben net och an de bestoenden Administratioune kéinte gereegelt ginn.

Wéi d’Gewerkschaft schreift, riskéiert dës Praxis, de Statut vum ëffentleche Recht ze schwächen an ëmmer méi staatlech Missiounen aus dem klassesche System vun der Fonction publique erauszehuelen.

Skepsis bei der Steierreform

Op der Generalversammlung gouf och d’Steierreform diskutéiert. D’CGFP analyséiert de Projet aktuell am Detail a wëllt sech eréischt dono offiziell positionéieren.

Allerdéngs kritiséiert si schonn elo, datt net all Indextranchë bis 2028 an d’Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun afléissen. Amplaz géifen dës Tranchë fir d’Finanzéierung vun der Reform benotzt ginn. Dat kéint der CGFP no dozou féieren, datt Bierger an de kommende Jore finanziell Verloschter erliewen.

Gläichzäiteg begréisst d’Gewerkschaft awer, datt eng automatesch Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun virgesi gëtt, och wann dës net direkt a vollstänneg ëmgesat gëtt.

Zum Schluss huet d’CGFP och op déi aktuell wirtschaftlech a geopolitesch Situatioun higewisen. An deem Kontext kéint eng Reunioun vun der Tripartite néideg ginn, fir d’Auswierkunge vun der Kris gemeinsam ze evaluéieren an d’Kafkraaft vun de Bierger ze schützen, sou d’Gewerkschaft.

Back to Top
CIM LOGO