Missioun MuselEn Tour duerch d'Wéngerten

Pitt Wagner
Dobäi huet een dann d’Méiglechkeet, eng Partie interessant Froen ze beäntweren, esou gëtt een och nach interessant Fakten iwwert d’Regioun gewuer.
Missioun Musel
Een Tour duerch d’Wéngerte laanscht d’Musel trëppelen, dat ass elo eng Missioun.

Een Tour duerch d’Wéngerte laanscht d’Musel trëppelen, dat ass elo eng Missioun. Um Internetsite www.missionmusel.lu kritt een esou 4 verschidde Weeër proposéiert an dat a Form vun enger Rätsel-Juegd. De Clou dobäi ass, dass ee réischt gewuer gëtt, wou deen nächste Wee start, wann een dee virdru bis fäerdeg getrëppelt ass.

Dobäi huet een dann d’Méiglechkeet eng Partie interessant Froen ze beäntweren, esou geet een och nach interessant Fakten iwwert d’Regioun gewuer.

An zum Schluss kann een dat natierlech mat enger Visitt bäi engem vun de sëllege Wënzer oder Kellereie kombinéieren, fir esou och de Lëtzebuerger Wäin a Cremant ze schmaachen.

Back to Top
CIM LOGO