Appellsprozess ëm de Mord um Ana LopesEn dënnen Alibi an ëmstridden DNA-Resultater

Diana Hoffmann
De Prozess koum dann och den Dënschdeg nach net op en Enn. De Parquet bleift bei der Fuerderung vu liewenslaangem Prisong.
© RTL

Beim Suivi vum Appellsprozess ëm de Mord vum Ana Lopes viru 4 Joer huet en Dënschdeg net nëmmen der Riichterin hire Kapp gedämpt. Den Expert huet een, fir de Laien, déiwen Exkurs an d'Welt vun der DNA-Analys gemaach. E Rouleau groe Pechpabeier ass nämlech ee vun den Haaptindicen am Fall. Dëse gouf ënnert enger Heck net wäit ewech vum Auto fonnt, an deem d'Läich vum Ana Lopes Enn 2017 verbrannt ginn ass. De sprangende Punkt ass hei awer: Et waren DNA-Spueren drop.

Prozess Ana Lopes/Reportage Diana Hoffmann

An dës DNA-Spuere stame méiglecherweis vum Täter. Schliisslech konnten och nach Bluttspuere vum Ana Lopes drop séchergestallt ginn. Doriwwer eraus koum bei den Analysen awer och nach eraus, datt d'Spueren engem männleche Familljemember vum Beschëllegten zouzeweise sinn. Also him selwer, sengem Fils, sengem Papp, Monni oder Brudder. Eng Hypothees vun der Defense war dann, datt de Rouleau hätt kéinten am Auto geleeën hunn an dat gemeinsaamt Kand, wat de Beschëllegte mam Ana Lopes huet, kéint domat gespillt hunn. Ma déi ganz Affär hänkt net nëmmen un dësem Beweisstéck.

An esou blouf d'Vertriederin vum Parquet vun all deenen technesch komplexen Uféierungen éischter onbeandrockt. Si huet Deeler vun der Mordnuecht nach eng Kéier Revue passéiere gelooss. Wéi den Täter huet mussen den Terrain kannt hunn, wou d'Ana Lopes agresséiert ginn ass. Dono muss e gewosst hunn, wou den Auto vun der jonker Fra stoung, deen hie geholl huet a gouf um Wee dohinner souguer och vun enger Kamera erfaasst. Op der Plaz vun der Aggressioun gouf e Kabelbinder fonnt, e Kabelbinder, deen och an der Autosgarage genotzt gëtt, wou de Beschëllegte geschafft huet. Genausou wéi dat och fir de Rouleau Pechpabeier de Fall ass. Den Täter wier duerchduecht an organiséiert virgaangen an huet esou näischt dem Zoufall iwwerlooss.

Den Ugeklote selwer awer sot an éischter Instanz, an der Nuecht vum Mord um Ana Lopes wier hien doheem gewiescht a just 2 Mol mat de Muppen eraus. En Alibi, deen d'Strooss net hält, wéi d'Vertriederin vum Parquet ënnersträicht. "D'Wourecht erzielt sech einfach. Se ass villäicht schwéier anzegesinn. Mee wann ee se erfënnt, gëtt et komplizéiert", mengt si a widderleet den Alibi mat widderspréchlechen Aussoe vu Familljememberen a vum Ugeklote selwer.

D'Vertriederin vum Parquet ass dann iwwerzeegt, datt de jonke Mann mat Brëll a Sportspullover de Mäerder vum Ana Lopes ass. Dofir fuerdert si d'Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz: Eng liewenslaang Prisongsstrof.

Back to Top
CIM LOGO