
Duerch den Accident war d'Strooss deels blockéiert.
Wéi de CGDIS bestätegt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. D'Ambulanz vu Mäertert war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Konsdref an d'Police.
Géint 9.18 Auer koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto, dat zu Esch. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Rettungsservicer vun Esch waren am Asaz.