Zwou Persoune blesséiertEn Accident op der N4 an Dampentwécklung an engem Haus zu Gilsdref

RTL Lëtzebuerg
E Méindegnomëtteg hunn d'Ekippe vum CGDIS zwou blesséiert Persoune versuergt.
Pompjeesween an der Kasär
© Christophe Hochard

Um 13.55 Auer krute sech tëscht Leideleng an der Cloche d’Or op der N4 en Auto an eng Camionette ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Stater Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech.

Géint 16.35 Auer ass et dann an engem Haus an der Rue Principale zu Gilsdref zu enger Dampentwécklung komm. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Pompjeeën an d’Ambulancieren aus der Nordstad waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO